Guestbook

5 Visitors have signed the guestbook
Posted by Comments
Name Corinne
Location Bauschelt
Mir waren vun Ufank un begeeschtert vum Konzept an Encadrement vun der Crèche. Et ass een immens flotte Site, d‘Kanner sinn vill dobaussen, maache flott Aktivitéiten, këmmere sech emt d‘Kanéngercher, kréien all Daag frësch gekacht a ginn vun ganz léiwen Educatricen betreit! Ech kann mir keng besser Crèche fir d‘Joanne virstellen!
Posted on Tuesday - Apr 6, 2021
Posted by
Name Corinne
Location Bauschelt
Posted by Comments
Name Justine
Location Bauschelt
Wéi mir eise Jong bei "an Hennessen" ageschriwwen hunn, ware mir méi op der Sich no gläichaltregen Spillkontakter fir hien, wéi datt mir op eng Beträiungsstruktur gebraucht hätten. Dëst war dank kenger Mindestunzuel u Stonnen problemlos méiglech an ech sinn bal traureg, datt seng Zäit an der Crèche gläich eriwer ass (->Précoce).
Wéi gutt, datt mir nach Nowuess kruten Laugh
Obwuel mir mëttlerweil eng Crèche am eegenen Duerf hätten, wärte mir weiderhin dee klengen Detour moies op Léifreg ganz gären a Kaf huelen, well mir wëssen datt eist Klengt an dësem klengen privaten, familiären an natur-noem Kader immens gutt opgehuewen ass. Eis gefällt besonnesch, den Site vun der Crèche u sech, well een gesäit datt vill Iddi & Häerzblut doranner investéiert gouf fir eppes wierklech Schéines ze schafen, datt d'Kanner hei deeglech frëscht an qualitativ héichwärtegt Iessen aus der eegener Kichen kréien an sie sou vill et geet dobaussen sinn.
Zousätzlech begréissen mir och d'Flexibilitéit a p. Horaire

Posted on Tuesday - Mar 23, 2021
Posted by
Name Justine
Location Bauschelt
Posted by Comments
Name Tina
Salut,
mir, oder besser nach eis Kanner, sen imens frou an Hennessen, do gett een dann o mol begréisst mat "Mama, du bas ze fréi, ech wollt ewer nach spillen!" Wink
Eis war an as et wichteg datt d'Kanner all Daag frësch gekacht kréien (anscheinend besser wéi bei der Mamm), vill dobaussen sen an de Cadre familiär bleiwt (an sou éicht Frëndschafte kennen entstoen).
a flexibel sen se o nach Laugh
Merci an léif Gréiss
Posted on Sunday - Mar 14, 2021
Posted by
Name Tina
Posted by Comments
Name Nadine Schroeder
Location Oberwampach
Hallo!
Äer Crèche ass einfach super!
Wonnerschéin ageriicht, bannen a baussen!
Ganz léift a verständnisvollt Personal.
Der mat super flott an ofwiesslungsräich Aktivitéiten.
Kengt Wonner also dass de Jang immens gäeren bei eech kënnt In love
Och d'Lori ass ëmmer gäere bei eech komm a kuckt lo nach ëmmer dee flotte Klasseur mat de ville Fotoen an Aktivitéiten Smile
Merci Laugh
Nadine
Posted on Thursday - Mar 11, 2021
Posted by
Name Nadine Schroeder
Location Oberwampach
Posted by Comments
Name Lena Kneip-Schaaf
Location Kaundorf
Moien Alleguer! Smile Smile

Mir wollten eng Kéier iwwert deen héiten Wee iech all VILLMOOLS MERCI soën ,dass eis 3 Reiberen de Léo,Theo an Emil bei iech am Foyer & Crèche sinn.
Dir hudd esou vill Gedold an Versteesdemech.
Merci fir déi immens flott an schéin Aktivitéiten déi dir mat hinnen dobannen an dobaussen maacht. Flott Spazéiertiir maacht an eiser schéiner Géigend. Eisen Emil&Theo hunn bei iech geléiert,dass een sech emmer um Spazéierseel muss unhaalen während dem ganzen Tour,well daat huet eis ganz vill gehollef,wann mir bei eis Doheem spazéieren ginn,dass daat ganz gudd klappt.
Dass dir hinnen och Selbstvertrauen an Verantwortung schenkt an deems sie hëllefen däerfen z.B. am Kanicki Hotel propper ze maan an sech em Déieren ze këmmeren oder am Summer dierfen mat
hëllefen Blummen ze nëtzen.

Eis 3 kommen immens gäer bei iech.
rating rating rating rating rating
Posted on Tuesday - Mar 9, 2021
Posted by
Name Lena Kneip-Schaaf
Location Kaundorf
creche_footer

An Hennessen

Haaptstrooss 19
L-9665 Liefrange

Tel: 26 88 94 40
Fax: 26 88 94 41

Legal

GDPR

Connect